Den Natur- & Geopark Mëllerdall gouf 2016 gegrënnt an ass e flott Naturerliefnes. Nach bis den 30. Mee bitt den Natur- & Geopark e besonnesche Programm fir déi ganz Famill, fir en aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen kennen ze léieren. Sou gëtt an Zesummenaarbecht mat der Elterevereenegung aus der Gemeng Noumer eng Georallye fir Grouss a Kleng ronderëm de Geosite vum Joer “Champignon” ugebueden.

Wärend déi kleng Naturpiraten ënnerwee grouss Aufgabe léise musse, ginn se op 14 Statiounen allerlee Kuriéises iwwer d’Regioun gewuer.

Informatioune fir d’Eltern:

  • De Georallye ass gëeegent fir Kanner ab 4 Joer. Fir déi ronn 5 Kilometer laang Streck mussen ongeféiert 2,5 bis 3 Stonnen ageplangt ginn, well et si ronn 156 Héichtemeter ze iwwerwannen.
  • D’Rallye kann ee selwer mat der App “Actionbound” maachen, déi Dir op Äre Smartphone luede kënnt (Stéchwuert “Naturpiraterallye”). D’Froen an Aufgaben ginn op Lëtzebuergesch gestallt. De Startpunkt ass bei der Schoul zu Noumer. Gitt de Schëlder no a lauschtert op d’Uweisunge vum Pirat Vince.
  • Méi iwwer d”Woch vum Natur- & Geopark” gëtt et hei.
  • Weider Infoen zum Geotop vum Joer 2021 fënnt een hei.