Bei „Geistesblitz“ sti fënnef Holzfiguren an der Mëtt vum Dësch. Jiddereng huet eng aner Faarf. An all Ronn gëtt elo eng Kaart opgedeckt, wou Figuren vun zwou ënnerschiddlech Faarwen ze gesi sinn. Elo mussen d’Spiller erkennen, wéi eng Holzfigur gesicht gëtt. Wann d’Figuren net an hirer Originalfaarf op der Kaart ofgebillt sinn, da muss déi Holzfigur geholl ginn, déi weder an der Faarf nach an der Form op der Kaart ass.
Hei sinn d’Spillreegelen.