D’Vakanzenzäit eegent sech besonnesch och dofir d’Muséeën am Land ze entdecken oder nei ze entdecken. Fir d’Leit zu engem Besuch vun de Muséeën am “Miselerland” ze animéieren, hunn déi sech zesumme gedoen an e Quiz entworf, bei dem een e Präis gewanne kann. Wéi dat geet? Scannt de QR-Code op der Kaart a lauschtert Iech déi siwen Audio-Bäiträg iwwer d’Muséeën un. Äntwert richteg op déi siwe Froen zu de Muséeën an huelt Iech bei mindestens fënnef vun hinnen e Stempel fir déi korrekt Äntwert.

D’Kaarte kënnen an der Receptiounen vun de jeeweilege Muséeën ofgeholl an erëm ofgi ginn. Oder et schéckt een e Scann vum ausgefëllte Froebou mat deenee mindestens fënnef Museumsstempelen un 7museums_miselerland@kulturhuef.lu. Mat e bësse Chance kann een da bei der Auslousung de 15. September de grousse Präis gewannen.

Informatioune fir d’Elteren

Hei sinn d’Muséeën, déi matmaachen: