Är eege Kamera kënnt dir aus enger Kartongskëscht zesummebauen a mat hir d’Welt mat ganz aneren Aen kucken. Duerch d’Gesetzer vun der Physik gëtt am Kartong uewen ob eng Kéier ënnen a lénks gëtt riets. Genee sou wéi d’Erfinder vun der Kamera dat viru laanger Zäit gesinn hunn.  De Kartong kann d’Gréisst vun enger Schongkëscht hunn, e kann awer och méi kleng oder méi grouss sinn. Haaptsaach en ass dicht a léisst keng Luucht vu baussen eran.  

Dir braucht och nach Pergamentpabeier, Bakpabeier oder ganz dënne Drockerpabeier an net transparent Pechsträifen. Dozou eng Schéier, eng Nol oder eng Bürosklamer an eng Decken, e grousst Handduch oder e gréissert Kleedungsstéck.  

Schneit e Lach aus der enger Säit vum Kartong eraus, dat gëtt spéider den “Ecran”. Kuckt wou nach Luucht an d’Këscht erakënnt a pecht déi Plazen zou. Schneit elo op der anerer Säit vum Ecran e klengt Lach aus (3 cm op 3 cm geet duer). Pecht dat Lach sou zou, dass keng Luucht méi duerchkënnt. Pickt da mat enger Nol oder enger Bürosklamer e butzegt Lach an de Pech.   

Lo kënnt den Ecran drun. Pecht de Pergament- oder Bakpabeier driwwer. A fäerdeg ass d’Camera obscura. Wann dir Iech elo eng Decken iwwer de Kapp hänkt, gesitt dir um Ecran är Ëmwelt säiteverkéiert an op der Kopp. Wat et dobausse méi hell ass, wat d’Bild besser ze erkennen ass. Wann dir är Këscht lo nach banne schwaarz moolt gëtt d’Bild um Ecran nach méi hell, anengems awer och méi onschaarf.   

Déi detailléiert Bastelanleitung gëtt et hei.