Wat dir schonn ëmmer iwwer de Bësch wësse wollt, fannt dir, gutt erkläert, op enger Tour vu ronn enger Stonn duerch Weierbësch, Heed a Schleed südlech vu Crauthem. Op dem ronn 5 Kilometer laange “Sentier didactique forestier” gëtt een op 15 Panneaue vill iwwer d’Flora a Fauna am Bësch gewuer, mee och iwwer d’Notzung vum Bësch duerch de Mënsch. Déi Tour, déi een um Parking an der Rue de Hellange ufänke kann, verleeft quasi ganz am Schied vun de Beem, sou dass si och bei décker Sonn agreabel ass. Si ass ouni Problem och mat enger Poussette ze maachen. Woubäi ee sech reegelméisseg ëmkucke soll no Joggeren a Vëlosfuerer, wëll an dësem Gebitt verlafen och e Fitnessparcours an e puer Vëlosweeër.

Ween no der klenger Wandertour nach Energie huet, fënnt e puer Kilometer weider, net wäit vun der Gemeng, an der Rue des Sacrifiés, eng riseg Spillplaz mat Buerg, Zwergenhaisercher, Waasserspiller a villem méi.

An der Gemeng Réiser, méi genee  zu Peppeng, gëtt et direkt nieft dem Klouschter och zwee spannend Muséeën. Dat eent, de “Musée  Rural et Artisanal”, ass der Geschicht vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg dediéiert. Hei kann een entdecken, wéi d’Bauere fréier gelieft a geschafft hunn. Dat anert ass den eenzege Päerdskutschemusée zu Lëtzebuerg, an dem net manner wéi 33 historesch Päerdskutschen ze kucke sinn. An der “Brasserie du Musée” kann ee sech no der Visitt dann och nach eng kill Erfrëschung gënnen.

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’Spillplaz zu Réiser ass ronderëm d’Auer zougänglech. Et ass e beléiften Treffpunkt fir déi ganz Regioun an esou ass besonnesch bei schéinem Wieder hei vill lass.
  • De “Musée Rural et Artisanal” ass vum 1. Mäerz bis 31. Oktober vun dënschdes bis freides vu 14.00 bis 17.00 op a samschdes a sonndes vu 14.00 bis 18.00. Den Entrée kascht 5 Euro an ass gratis fir Kanner a jonk Leit mat Studentekaart. Féierungen kaschten 8 Euro fir Erwuessener. De Musée bitt och Gruppeféierungen fir Gruppen ab 10 Persounen. Méi: www.musee-rural.lu
  • De Kutschemusée ass vu Mäerz bis Oktober ëmmer just sonndes vun 14.00 bis 18.00 op. Hei kascht den Entrée 5 Euro (gratis fir Kanner) a 7 Euro wann ee sech fir eng Féierung umellt. Méi: www.musee-rural.lu
  • Déi zwee Muséeën fënnt een op der Adress 38, rue de Crauthem, L-3390 Peppange. De “Musée Rural et Artisanal” bitt och reegelméisseg Workshoppen un, zum Beispill fir Brout ze baken oder zur Konscht vum Schmadd oder zur Feld- a Gaardenaarbecht.