Fir de Pabeierteller-Fräsch braucht dir dat heiten: E Pabeierteller natierlech. E puer faarweg Blieder (am beschten méi décke Pabeier am de Faarwe Rosa, Rout a Gréng), e Stëft, eng Schéier, (e bësse méi staarke) Pech, en Eeërkartong, Pabeierdicher, en Hefter a Faarwen (Acryl- oder Waasserfaarwen).

D’éischt leet een de Pabeierteller op dee rosae Pabeier a moolt e Krees andeems dir dem Rand vum Teller nofuert. Da schneit dir de Rondel aus. Dono faalt dir de Pabeierteller a schneit en an zwou Hallschenten. Aus dem roude Pabeier schneit dir lo eng Zong eraus. Déi gëtt op de rosae Rondel gepecht an dee gëtt dann an der Mëtt gefaalt. Hannen op de rosa Rondel ginn dann d’Tellerhalschente gepecht. Fëllt dertëschent mat e puer Pabeiernuesschnappecher op, dann hutt dir herno Plaz fir d’Fangeren. Elo ginn d’Pabeiertelleren gemoolt oder vollgepecht.

Schneit aus dem Eeërkartong zwee Becher eraus (dat ginn d’An). Moolt se mat der Faarw déi dir wëllt. Wann se gedréchent sinn, pecht e puer Kartongsstécker iwwer d’An. Net vergiessen, d’An opzemolen. D’An kann een och einfach aus Kartong schneiden. D’Ae ginn dann mat engem Hefter un de Monddeel ugeknipst. An zwar do wou d’Schlitzer sinn, wou een d’Fangeren herno dra mécht. A fäerdeg ass d’Fräsche-Fangerpopp, déi een natierlech nach vill méi flott dekoréiere kann. Perfekt gëtt dat Ganzt, wann ee sech eng gréng Strëmp iwwer den Aarm zitt. Da kritt de Fräsch och nach en Hals vun der selwechter Faarf.