Si glänze mat dausend Facetten, fonkele, faszinéieren an zéien mat hire liichtenden Faarwen un. Si si vu Geheimnisser a Legenden ëmginn. Nëmmen e puer Leit wëssen, wou si wierklech hierkommen, wéi een se fënnt, wéi se an hirem natierlechen Zoustand ausgesinn a firwat si d’Mënschen esou verzauberen. Si kënnen als Bijou déngen, fir Dekoratioun an Ornament a sti symbolesch fir Verféierung a Muecht. Säit Joerdausenden hunn hir Faarf, hir Schéinheet, hir Geheimnisser an hire Wäert d’Mënsche faszinéiert… Saphiren, Smaragden, Opaler an Diamanten gehéieren zu enger geheimnisvoller Welt, an der een sech liicht veriert an an der et munchmol schwiereg ass, d’Wourecht vum Falschen ze ënnerscheeden.   Den naturmusée huet eng beandrockend Mineraliesammlung, zu der och vill Edelsteng an Hallefedelsteng gehéieren. Dës Ausstellung ass déi éischt grouss Mineralien- an Edelstengausstellung zanter iwwer 25 Joer. Si  gëtt duerch eenzegaarteg Prêten vun anere Muséeën, Bijoutieren a Privatsammler ergänzt a kann aktuell besicht ginn.   D’Extra-Ausstellung “From Dark to Light” kann een nach bis den 6. Juni 2021 kucke goen. Aktuell sinn zwar keng Schoulklassen am Musée erlaabt, mee Familljen a Gruppe vu maximal 5 Leit kënnen d’Ausstellung besichen.   

Den naturmusée bitt och speziell Aktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher.   Fräizäit-Aktivitéiten mat Virumeldung: Fir Kanner vu 6 bis 10 Joer bitt de Panda Club Aktivitéiten fir kleng Gruppen an de Beräicher Natur a Wëssenschaft ausserhalb vun der Schoulzäit. Fir dës Aktivitéiten ass allerdéngs en Virumeldung néideg. Méi Infos bei www.panda-club.lu. An Zesummenaarbecht mat der wëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg an dem Fonds National de la Recherche ginn zudeem Aktivitéiten an de Beräicher Wëssenschaft, Technik an Natur fir Jugendlecher vun 11 bis 18 Joer ugebueden. Méi Infos beim Science Club: www.science-club.lu. Op Nofro hin kënnt Dir doriwwer eraus pedagogesch Eenheete an ausgewielten Naturgebidder buchen, déi besonnesch Themeschwéierpunkten erméiglechen – entweder mat engem Naturbegleeder aus dem Musée oder mat engem Musée op Rullen: mat dem “Natur Mobil” oder mat dem “Science Mobil”.  

Praktesch Informatiounen:  

  • Wou fannen ech den naturmusée? D’Adress ass 25 Rue Münster, L-2160 Luxembourg, Tel.: +352 46 22 33 1. Websäit:www.mnhn.lu   Ëffnungszäiten: Dënschdes bis Sonndes 10.00 bis 18.00. Méindes ass Roudag. Den 1. Januar, 1. Mee, 23. Juni, 1. November, 25. Dezember a Moies no der Muséesnuecht bleift de Musée zou. An dëse Pandemie-Zäiten recommandéiert den naturmusée e Besuch zu Zäiten, an deene wéineg BesicherInnen an de Musée kommen, am beschten tëschent 10.00 a 14.00.   
  • Entréespräisser: Standard-Tarif fir Erwuessener: 5 €; Reduzéierten Tarif: Senioren (> 65 Jahre) a Leit mat enger Aschränkung kënnen och de reduzéierten Tarif an Usproch huelen: 3 €.  
  • Fräien Antrëtt fir Leit ënner 21 Joer a StudentInnen mat engem gëltegen Studentepass ënner 26 Joer. Och fir Frënn vum ‘natur musée’, a Leit mat Muséeskaart, LuxembourgCard, ICOM, Kulturpass, an och wëssenschaftlech MataarbechterInne vum Musée.  
  • Wéi kommen ech bei den naturmusée? An de Gronn mat de Buslinnen 14 oder 23 oder de Lift vum Helleg Geescht-Plateau huelen bis erof an de Gronn. Vun do aus brauch een knapps fënnef Minutten wann een a Richtung Abtei Neimënster geet.   
  • Wéi vill Zäit brauch ee fir en Visitt? Rechent ronn annerhallef Stonn.