Viru 77 Joer war de “Schumann’s Eck” bei Noutem un enger wichteger Weekräizung no bei Wolz haart ëmkämpft tëschent alliéierten an däitschen Zaldoten. Et war den Zweete Weltkrich an déi Däitsch ënnert hirem Diktator Adolf Hitler haten de 16. Dezember 1944 eng Offensiv gestart, fir de Virmarsch vun den alliéierten Arméien op Däitschland ze verhënneren. D’Ardennenoffensiv oder d’Rundstedt-Offensiv huet vun der Äifel an Däitschland a Richtung Baaschtnech an der Belsch gefouert. Déi Däitsch wollten bis zum wichtegen Hafen Antwerpen virstoussen. Déi Alliéiert konnte si zwar zréckdrécken, mee déi hefteg Kämpf haten um Enn 150.000 Zaldoten d’Liewe kascht an och dausenden Zivilisten. D’Éislek war schwéier verwüüst.

Beim “Schumann’s Eck” waren d’Kämpf besonnesch hefteg. Nach haut gesäit een do Spueren vun den Schützegrief an Aschosslächer a Beem a Maueren. Um “Schumann’ Eck” gëtt et e Circuit mat Schëlder, déi erklären, wat deemools hei passéiert ass. Am Bësch gesäit een och liewensgrouss Fotoen mat Zeenen, déi sech am Krich hei ofgespillt hunn.

Méi Informatiounen

  • De “Sentier du souvenir” start no bäi der N15 westlech vu Noutem.
  • En ass ronn 3 Kilometer laang. Eng Broschür fënnt een hei.  
  • Mat de Kanner virbereeden kann een d’Visitt mat Material vu schouldoheem.lu.
  • Et kann ee sech och virdrun dësen interessanten, interaktiven Documentaire ukucken.