D’Märchegestalten, déi een hei begéint sinn d’Aschenputtel. d’Schneewittchen, d’Rapunzel, Hänsel a Gretel, Pinocchio an de Klenge Roude Léiw. Dat ass e Märchen vun der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Mireille Weiten-De Waha. De Klenge Roude Léiw ass e Prënz den an engem Schlass am Bësch wunnt, aus dem hien awer ni eleng kann erausgoen. Dofir beschléisst de Klenge Roude Léiw fléien ze léieren, fir dass hien hifléie kann, wou hie wëll. Enges Daags schläicht hien sech aus dem Schlass a geet an de Bësch, wou hien allerlee Déiere kënne léiert, déi mol méi, mol manner léif mat him sinn.  

Apropos Déieren aus dem Bësch: wann dir de Mäerchenwee-Teleskop benotz oder deng Spektiv matbréngs a ganz gutt an de Bësch kuckt, da fannt dir och de Fuuss, d’Wëllschwäin oder d‘Kaweechelchen. E flott Spill: Wee fënnt d’Déieren am schnellsten? 

En anert flott Spill ass dat heiten: Ween erzielt d’Märercher dann am beschten? Liest oder kuckt d’Geschichten dann ier dir op de Mäerchenwee gitt.  

Informatiounen fir d’Elteren: 

  • Wou fannt dir de Mäerchenwee? Zu Déifferdeng, um Wupp vun der Rue Metzkimmert. Hei gesäit ee scho beim Parking déi éischt Figur vum Mäerchenwee.
  • Wéi laang ass de Wee? Ronn 1 Kilometer, en ass och fir Kannerkutschen gëeegent. Et gi Bänken, wou ee raschte kann, an och eng Rutschban.   
  • Wéi laang Zäit brauch een? Dat hänkt dovunner of, op een de Wee just well trëppelen, oder och aner Aktivitéite wëll maachen.  
  • Wat fënnt ee soss nach zu Déifferdeng? Hei e Link