Mat iwwer 21.000 Awunner ass Diddeleng déi véiertgréisst Stad vum Land. Dee fréieren Stolzentrum bléckt op eng laang Geschicht zréck. Schonn am Mëttelalter war d’Stad mat hirer Buerg e wichtegt Handelszentrum.  

Um “Gehaansbierg”, dem Mont Saint-Jean, sinn haut nach d’Ruine vun der Buerg ze gesinn, der hier Geschicht op Panneauen erzielt gëtt. Vum Panoramatuerm aus huet een eng flotten Ausbléck iwwer d’Ruinen an d’Géigend ronderëm. En ass tëscht dem 1. Mee an dem 30. September vu méindes bis freides tëschent 7.00 an 19.00 op a samsdes a sonndes vun 10.00 bis 19.00. Tëschent dem 1. Oktober an dem 30. Abrëll ass den Tuerm op Nofro hin op. Tél. 516121-213. 

Ronderëm de “Gehaansbierg”, un dem sengem Fouss zanter ville Joer Ufanks September e flott Mëttelalterfest stattfënnt (dat leider 2020 wéinst Covid-19 huet missen ausfalen an dëst Joer fir den 11. an 12. September programméiert ass), spillen eng ganz Rëtsch vu Soen.    

Wéi zum Beispill déi vun der feiereger Schlaang an dem Goldschatz. Déi Geschicht fënnt een och op engem Panneau am Parc Le’h, dee säit 1910 dee gréisste Stadpark zu Diddeleng ass. Hei gëtt et eng breet Offer vu Fräizäitaktivitéiten an Informatiounen iwwer d’Natur. Um Naturléierpad gëtt ee vill iwwer d’Flora a Fauna zu Diddeleng gewuer. Eng flott Spillplaz am Schied vun de Beem luet zum Spillen an. An zanter 2020 gëtt et hei e Buerfousswee, den dëst Joer Enn Mee opgeet.     

Bekannt ass de Parc Le’h awer och fir de Restaurant mam selwechten Numm a de Kloterpark. Dee gëtt et säit 2006. Reservéierungen sinn ab dem 15. Mee nees méiglech.   Diddelengvu muenchen och “Dudetown” genannt – bitt e Koup vun Infrastrukturen, wou ee flott spille kann. En Highlight ass de grousse Skatepark am Quartier Schmelz. Hei gëtt et awer och ee vun den zwee eenzegen Disc Golf-Parcours zu Lëtzebuerg beim Lycée Nic Biever. Sport- a Wanderfrënn sollte wëssen, dass sech dat gréisst Naturreservat vum Land – Haard-Hesselsbierg-Staebiergop de Gebidder vun de Gemengen Diddeleng, Kayl a Rëmeleng ausdeent.     

Informatiounen fir d’Elteren:       

  • De Link zum Kloterpark am Parc  Le’h: www.aventure.lu      
  • Link zum Restaurant Parc Le’h: www.parcleh.lu      
  • Informatiounen zum Buerfousswee am Parc Le’h ginn et hei.      
  • D’Spillplazkaart vun Diddeleng fënnt een hei.        
  • Méi Informatiounen iwwer de Skatepark Schmelz: www.parcandride.lu       
  • Méi Infos zum Disc Golf-Parcours.      
  • Informatiounen zur Naturreserve Diddeleng, Kayl a Rëmeleng fënnt een hei.