Enn den 1960er Joren ass de geschichtsinteresséierten Paschtouer vun Nouspelt, de Georges Kayser, Geschichten aus der Géigend nogaangen an huet éischt Ausgruewungen op der Plaz “Am Miecher” tëschent Giewel a Nouspelt gemaach. Hien huet fir d’éischt gemengt, hie géif e gallo-réimesche Grafhiwwel fannen, mee dunn ass hien op vill méi eppes Grousses gestouss: ee Gebai, an dann nach eent, an nach eent… Et war e ganze gallo-réimeschen Haff, den do erëm entdeckt gouf. Dem Georges Kayser seng Frënn hunn no sengem Doud d’Georges Kayser Altertumsfuerscher asbl gegrënnt a si weider gefuer mat den Ausgruewungen. Si hunn och e Musée zu Nouspelt gegrënnt, wou ee Fondstécker gesäit an erkläert kritt, wéi de gallo-réimeschen Haff opgebaut war, a wéi d’Leit an der Zäit gelieft a geschafft hunn. Och op der Ausgruewungsplaz fënnt ee vill Schëlder mat Erklärungen drop. Iwwregens setzen d’Altertumsfuerscher scho ganz laang och op d’Jugend: Säit 1991 huet praktesch all Joer an archeologescht Jugendlager “Am Miecher” stattfonnt, mat villen Aktivitéiten ronderëm. 

Informatioune fir d’Elteren: 

  • D’Entrée vun der “Villa gallo-romaine” läit direkt riets am Bësch nom Ausgang vum Duerf Richtung Simmer (Septfontaines).
  • De Site ass zu all Joreszäit accessibel
  • Fir d’Visitten am Ausgriewermusée zu Nouspelt sollt een sech umellen: www.gka.lu