Aklammen an de Klammsport kann een duerch d’Boulderen, do brauch ee kee Partner, deen engem d’Seel séchert well een net un enger héijer Mauer klëmmt. De Boulder Klub Lëtzebuerg (B.K.L.) erméiglecht zesumme mat der National Climbing Community (www.iclimb.lu) d’Boulderen, dat doran besteet, eng Wand ouni Seel an enger Héicht ze erkloteren, vun der een ouni Problem rëm op de Buedem sprange kann. Hei ginn et Matten, déi viru Verletzungen beim Falen schützen. Dës modern Sportaart gëtt ëmmer méi beléift, an all Visiteur kann et ausprobéieren, well kee besonnescht Equipement néideg ass. Et muss een mindestens 12 Joer al sinn; eng Trainingsstonn kascht 5 Euro. D’Hal ass am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg an ass zu Fouss just 5 Minutte vum Stadzentrum ewech. Si ass am Keller vun enger Grondschoul um Lampertsbierg. Adress: 48, rue Henri VII L-1725 Stad Lëtzebuerg, Tel.: +352 691 84 23 37, Fax: +352 26 43 01 91, E-Mail: info@bkl.lu, Web: www.bkl.lu

Jugendherberg Iechternach: eng Wand vu 14 Meter

D’Jugendherberg beim Iechternacher Séi huet eng 14 Meter héich Indoor-Kloterwand an e Beräich fir eng dréibar Kloterscheiw (Boulder). De Sall ass mat engem spezielle Sécherheetsbuedem equipéiert a kann op Nofro vu Gruppen, Schoulklassen a Familljen benotzt ginn. Véiermol d’Woch (dënschdes, freides a sonndes) ass de Sall fräi zougänglech, an et ginn Aféierungscoursen ënner der Opsiicht vun engem Trainer fir Kanner, Erwuessener a Familljen organiséiert. Ëffnungszäiten vun der Kloterhal: Introduktioun an d’Klammen (bei Umeldung): Dënschdes a freides: 17.30 – 19.30, samschdes a sonndes: 14.30-16.30. Fräit Kloteren: Dënschdes a freides: 19.00-22.00, samschdes a sonndes: 16.00-19.00. D’Kloterhal ass vum 15. Bis 20. August zou. Entréespräisser fir fräit Kloteren: Memberen a Gäscht vun der Jugendherberg: 7 Euro, Kanner ab 5 Joer a Studenten: 5,50 Euro, Erwuessener (Standard-Tarif): 8 Euro Adress: 100 Rue Grégoire Schouppe L-6479 Echternach, Tel.: +352 72 01 58,  Fax: +352 72 87 35, E-Mail: animation@youthhostels.lu, Web: www.youthhostels.lu

Kloterwand an der Coque: Parcoursen vun alle Schwieregkeetsgraden

D’Kloterwand vun der Coque huet eng Fläche vun 690 m2, eng maximal Héicht vu 13,5 m an Kloterparcoursen vun alle Schwieregkeetsgraden. D’Kloterwand sprécht Kanner an Ufänger genee sou un wéi geüübte Kloterer an Erwuessener. Ausserdeem gëtt et an der Hal eng “Boulder-Wall” vun 70 m2 (eng 3 Meter héich Kloterwand, déi ouni Sécherung kann erklotert ginn). All Parcoursen gi reegelméisseg vu Spezialisten ofgeännert, sou dass et och fir Profien net langweileg gëtt Fir allen Interesséierten Spaass um Kloteren ze vermëttelen oder hir Kenntnesser an aller Sécherheet ze verbesseren, bitt d’Coque eng Rei vun Aktivitéiten un, déi vu qualifizéierte Mataarbechter geleet ginn: Course fir Kanner ab 7 Joer, Gebuertsdagsfeiere fir Kanner, Schnuppercoursen fir Kanner an Erwuessener, “TOP ROPE”-Coursen, “LEAD CLIMBING”-Coursen, Weiderbildungscoursen, Privatunterrecht, Kloteren no Thematiken, Kombi-Entrée (Kloterwand + Erhueleungsberäich + Schwämm).

Gruppen a Betriber: Lounen vu Raimlechkeeten fir Teambuildings, Sportunterrecht fir Mataarbechter, komplette Pak mat Material, Betreier a moossgeschneiderter Animatioun. Geüübte Kloterer, déi nëmmen Zougang zur Kloterwand wëllen, kënnen eenzel Entréesbilljeeën oder e Joresabonnement kafen. Eenzelbilljeeën a Joresabonnementer si fir Erwuessener a Kanner ze kréien. Material (Schong, Klotergurt, Seel, Grigri, Magnesiumbehälter, …) kann op der Plaz ausgeléint ginn fir e gewësse Präis. De Bar-Beräich bitt Gedrénks a Snacks Ëffnungszäiten: Méindes, mëttwochs a freides: 11.45 bis 22.00, dënschdes an donneschdes: 16.00 bis 22.00, samschdes a sonndes: 10.00 – 18.30. Eng Reservatioun ass obligatoresch: Informatiounen an Aschreiwungenopescalade@coque.lu oder per Telefon +352 43 60 60777Adress: 2, rue Léon Hengen L-1745 Luxemburg-Ville, Tel.: +352 43 60 60 777, E-Mail:  escalade@coque.lu, Web: www.coque.lu

RedRock Climbing Center: déi modernst Kloterhal zu Lëtzebuerg

De RedRock-Climbing Center am Süde vu Lëtzebuerg (Zolwer) presentéiert sech als gréisst a modernst Kloterhal zu Lëtzebuerg, déi no der olympescher Norm konzipéiert gouf. D’Hapthal ass 15,5 m héich, dobäi kommen nach e Schoulungsraum an eng Boulderhal mat jeeweils 4,2 m Héicht, insgesamt steet eng Kloterfläch vu 1400 m² zur Verfügung. D’Kloterausrüstung kann an der Plaz ausgeléint oder am Shop kaaft ginn. Eng Cafeteria bitt Schnacks a Gedrénks. Regulär Ëffnungszäiten: Méindes, mëttwochs a freides: 14.00 – 22.00, dënschdes an donneschdes:  10.00 – 22.00, samschdes a sonndes: 9.00 – 20.00. An der Summervakanz  (5.7 – 26.9) – mat Ausnam vun de Feierdeeg: Méindes, dënschdes, donneschdes a freides: 14.00 – 22.00, mëttwochs: 16.00 – 22.00, samschdes a sonndes: 9.00 – 20.00 Entréespräisser: Erwuessener: 13,50 Euro, 6 – 12 Joer: 9 Euro, 13-17 Joer: 11 Euro, Studenten: 11 Euro. Verloune vu Kloter-Equipement: Schong: 3 Euro, Seel: 3 Euro, Grigri + Karabiner: 3 Euro, Gurt: 2 Euro. Adress: 12, Rue Jean Anen L-4413 Soleuvre, Tel.: +352 26 59 08 79, E-Mail:  info@redrock-climbingcenter.lu, Web: www.redrock-climbingcenter.lu  D’Kloterhal ass net wäit ewech vun der Zuch- a Bushaltestell Belvaux-Soleuvre (3 Min.) a vun engem Parking mat 150 Plazen (2 Min.).