Zu Lëllgen an der Gemeng Wëntger gëtt et ee Park, wou een déi fënnef Sënner kann entdecken – an trainéieren.

Kucke, lauschteren, fillen, riche, schmaachen: Zou Lëllgen am Park Sënnesräich kann een déi fënnef Sënner entdecken an trainéieren. Hei gëtt et ee grousse Park mat verschidde Beräicher an engem Labyrinth. Et gëtt e Buerféisswee a souguer eng Plaz wou ee ka lauschteren, wéi d’Beem ootmen.

Dobannen an der Hal kann een a verschidde Raim entdecken, wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, awer och, wat et mat Waasser, Stroum an de physesche Kräften an der Natur op sech huet. An da gëtt et nach den Airtramp, e risegt loftgefëllte Këssen, wou ee super säi Gläichgewiicht a seng Konzentratioun trainéiere kann.

Informatiounen fir d’Elteren :

  • Wou fannen ech de Park Sënnesräich ? D’Adress ass déi heiten: 30 Duarrefstrooss, L-9762 Lullange.
  • D’Entrée kascht 7 Euro fir Kanner tëscht 4 an 12 a 9 Euro fir Persounen iwwer 12. Fir Kanner ënner 4 Joer ass d’Entrée Gratis. Et besteet d’Méiglechkeet fir geféiert Visitten, do ass den Tarif dann 10 Euro fir Kanner vu 4 bis 12 an 12 Euro fir Leit ab 12 Joer.
  • Et ass wichteg fir ze reservéieren : www.sennesraich.lu