Ab Juli ginn et nei Erausfuerderungen op den dräi bestoende Wanderweeër zu Dikrich. Lo kann een di dräi Hiwwelen erueweren an an engems mat der neier “Éislek App’’ interessant Geschichten vun Dikrich an d’Natur ronderëm entdecken. Op all Wee sinn Informatiounsbornen wou een nëmmen den Code mat der App ascannen muss. Am ganzen ginn et dräi Touren:

  • Tour 1 Haard: Fänkt zu Bedingen un, ass 3,9 km laang an dauert ongeféier 1h26min.
  • Tour 2 Seltert: Fänkt an der rue de Kockelberg un, ass 2,7 km laang an dauert ongeféier 1 Stonn.
  • Tour 3 Härebierg: Fänkt an der rue Clairefontaine un, ass 4,8 km laang an dauert ongeféier 1h24min.

Vergiesst net, e Selfie op all Tour ze maachen! Wann der déi dräi Tier packt kënnt der am Tourist-Info Office zu Dikrich e Patch mam Dikricher Iesel drop kréien.

Wichteg Informatiounen fir d‘Visiteuren:

  • D’Tier si gratis an et brauch een sech net am viraus unzemellen.
  • Déi dräi Tier daueren zesummen ongeféier 4 Stonnen.
  • Méi dozou gëtt et hei