Ouschteren däerf natierlech eent net feelen: faarweg Ouschtereeër. Déi kann een op ganz natierlech Aart a Weis fierwen, andeems een se a Waasser mat verschiddenen Planzen- oder Gewierzzorte kacht. Vu Virdeel ass hei scho mol, wann een en Dëppe mat Email-Beschichtung huet, dat een net onbedéngt méi fir d’Kache brauch. D’Eeër sollt ee gutt propper maachen, ier een se 10 Minutten am Sud kache léisst. Mécht een e Läffel Esseg dobäi, dann huelen d’Eeërschuelen d’Faarwe besser op. Wann een eng gläichméisseg Fierwung wëll, muss een d’Eeër reegelméisseg mat engem Läffel beweegen. D’Faarf gëtt och méi intensiv, wann een d’Eeër dra léisst bis d’Waasser ofgekillt ass.

Kaffispolver (ronn 50 Gramm an 2 Liter Waasser eng hallef Stonn akachen loossen) gëtt eng brong Faarf.

Méi hellbrong ginn Eeër mat Zwiwwelschuelen, déi een 20 Minutte laang an engem hallwe Liter Waasser kacht.

Rout bis violett ginn se an engem Waasser mat rout Rommelen oder rout Zwiwwelen (eng hallef bis dräivéierel Stonn an engem Liter Waasser kache loossen).

Garantéiert violett bis blo ginn d’Eeër a Molbierwaasser (200 Gramm an engem Liter Waasser 20 Minutte kache loossen).

Muerten (250 Gramm méiglechst kleng an ee Liter Waasser schneiden an eng hallef Stonn kachen) erginn eng orange Faarf.

Gëllegiel ginn d’Eeër an engem Waasser aus Kurkumapolver (10 Gramm, 10 Minutten an engem hallwe Liter Waasser).

Wee Gréngtéin gär huet, ka Spinat (oder Brennnesselen) kachen. Ronn 300 Gramm mat Waasser bedecken an da ronn 40 Minutte kachen.

Nach e puer Tipps zum Schluss: Wann een d’Planzendeeler am Waasser léisst, entstinn interessant Muster op den Eeërschuelen. Wann dir selwer wëllt Musteren drop molen, da kann een dat mat engem Stäbchen mat Watt, deen e virdrun an Esseg oder konzentréieren Zitrounejus gezappt huet. A wann d’Ouschtereeër blénke sollen: reift se mat e wéineg Ueleg an.