Ugefaange mat de Piscinnen, déi dëst Joer leider net zur Verfügung stinn, well si momentan instand gesat ginn. Dat ass de Fall vun der beléifter Schwämm zu Veianen an der Rue du Sanatorium, der Piscine Kordall (kuerz PiKO) zu Rodange an der Diddelenger Schwämm. Dës Infrastrukture ginn net just op dee modernste Stand bruecht, mee och ausgebaut. Gehofft gëtt natierlech, dass d’Aarbechte wéi geplangt viru kommen. An hei dann déi oppe Schwämmen no Regioun. Meeschtens si si Deel vun enger gréisserer Schwammanlag, déi nieft enger Rei vu Sports- a Fräizäitaktivitéiten oft och Beräicher fir Gastronomie bidden. An de meeschte Fäll gëtt geroden, ze reservéieren. 

Am Süden

Zu Esch-Uelzecht kann een an de “Bains du Parc” eigentlech dat ganzt Joer iwwer eraus schwammen an de 16 Meter laangem an 8 Meter breede Baussebaseng, well et ass zu all Joreszäit ronn 30 Grad waarm. Méi Infos hei

Zu Uerwekuer (Gemeng Déifferdeng) luet den Aquasud an der Rue Jeannot Kremer zur Erfrëschung an. Ënner anerem mat zwee groussen Outdoorbasengen (e Sportsbaseng vun 33 Meter an e Planschbaseng vun 21 Meter). Méi Infos hei

Am Zentrum

Hei lackelt de “Centre aquatique Les Thermes” zu Stroossen mat engem gehetzten Outdoor-Pool – an engem Strand. Méi op www.lesthermes.net An der Syrdall Schwemm zu Nidderaanwen kann een net nëmmen vu bannen no bausse schwammen: D’Piscine bitt och eng Rei vu Fräizäitaktivitéiten.  Méi op www.syrdall-schwemm.lu

Ronderëm d’Haaptstad fënnt een am Hesper Park och den Hesper Beach Club mat engem klenge Baseng. An engem Strand plus Rouzon. Hai muss een onbedéngt reservéieren, wann een an de Pool wëllt. Méi hei.

Zu Larochette gëtt et um Camping Birkelt e groussen Aquapark. Méi Infos hei.

Am Osten

Spaass fir Grouss a Kleng bitt den Aqua Park Beaufort mat sengem gehëtzten Schwammbaseng, Waasserattraktiounen a Relaxwiss. Billjeeën ginn et hei.

D’Outdoor-Piscine zu Réimech bitt e grousse Basengen en klengen fir déi ganz Kleng. Hei ass keng Reservatioun méiglech, Billjeeë ginn et just an der Keess. Méi hei.

Zu Gréiwemaacher invitéiert d’Piscine vun der Stad mat Bléck op d’Musel a mat modernen Infrastrukturen. Och hei kann een net reservéieren. D’Zuel vun de Visiteuren ass op 500 limitéiert. Méi hei

Am Norden

Am Nordwesten läit d’”Réidener Schwämm”, déi och e grousse Bausseberäich huet. Eng Reservatioun ass hei net noutwenneg. Méi hei.

Zu Wolz bitt de Fräizäitzentrum “Kaul” och eng gehëtzten oppe Schwämm mat groussem Pool a Planschbaseng. D’Kapazitéit vun der Schwämm ass op 150 Visiteuren begrenz. Billjeeë mussen am Viraus bestallt ginn. Méi hei

Dat grousst Schwammzenter zu Housen heescht AquaNat’Our. Hei gëtt et do baussen e Badeséi. Méi hei.

Och am Fräizäitzentrum Ëlwen kann ee sech flott am Waasser ameséieren. An der grousser oppener Schwämm mat allerlee Equipement. Zwee kleng Basengen si fir Kanner do. Méi hei.