Entdeckt bei enger geféierter naturwëssenschaftlecher Faart mam Solarboot dee gréissten Drénkwaasserreservoir vu Lëtzebuerg aus enger neier Perspektiv. Gitt interessant Detailer iwwer d’Flora a Fauna am a ronderëm den Öewersauer-Stauséi gewuer, Fakten iwwer d’Geschicht vum Séi an der Regioun an och zum Thema Drénkwaasserschutz. Nieft Touren a verschidde ofgeleeë Säitenaarmer ass och en Ofstiecher u Land bei de Bëschentdeckungszenter “Burfelt” virgesinn.

Mam Solarboot kann een awer och zu enger Amphibien-Tour opbriechen. Dat ass e geféierten naturwëssenschaftlechen Ausfluch um Solarboot mat enger ofwiesslungsräicher Wanderung vun ongeféier 8 Kilometer um lénken Ufer vum Stauséi. Déi Tour fänkt regulär mam Solarboot zu Ënsber un oder – op Wonsch – zu Léifreg. Vu “Bärel” un geet et awer zu Fouss zréck. De Wee geet laanscht den “Hellekessel” a Richtung Léifreg iwwer d’Virstaumauer. Iwwer déi schwammend Bréck zu Lëlz kommt Dir nees un dat rietst Ufer. Mat dësem Spadséiergang kritt dir fir d’éischt d’Méiglechkeet gebueden, per Solarboot an zu Fouss an nëmmen 3,5 bis 4 Stonnen de ganzen Tour ronderëm de Stau ze maachen.

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • Den Ausfluch mam Solarboot ab Ënsber dauert ronn 2 Stonnen.  
  • Fir Erwuessener gëllen folgend Tariffer: 10 Euro fir Eenzelpersounen an 8 Euro an der Grupp. Fir Kanner ënner 13: 5 Euro als Eenzelpersoun a 4 Euro an der Grupp. Gratis fir Kanner ënner 4 Joer.  
  • Fir Solarboot & Amphibientour gëllen aner Tariffer: 5 Euro fir Erwuessener an 2,5 Euro fir Kanner ënner 13 Joer.  
  • D’Solarboot fiert vum 1. Mee bis 1. Oktober: eemol den Dag vum 1. Mee bis 14. Juni a vum 1. September bis 1. Oktober um 15.00. Dräimol den Dag vum 15. Juni bis 30. August um 10.00, 13.45 a 16.00. Méindes fiert et net.  
  • Mellt iech w.e.g. onbedéngt un, d’Zuel vu Participante pro Tour ass op 10 begrenzt. An d’Mask ass obligatoresch.  
  • Frot w.e.g. ëmmer am Naturpark Zentrum no a reservéiertum Telefon +352 89933111 E-Mail: info@naturpark-sure.lu