Hippohaff A Mëchels

Den Haff “A Mëchels” läit am Duerf Fluessweiler. Dese landwirtschaftleche Betriib bitt niewt hippopädagogeschen Offren och eng Léiherplaz fir Kanner. Op “A Mëchels well een dene Jonken d’Landwirtschaft, d’Natur an d’Déieren mie no brengen. Kanner léiheren hei andeems sie matschaffen an erliewen. Um Haff wunnen niewt jonke Ranner, Kéih a Kalwer och d’Geessen Susi, Mausi an Heidi, Cookie a Schorch; Minischwäin , Henger, d’Border-Collie-Muppendamm Emmi, Kanengercher an natierlech Päerd a Ponyen. Sechs vun de Päerd sinn fir Hippotherapie ausgebild. Ausserdem fënnt een « A Mëchels eng gemittlëch Reitstiffchen, eng Reithal an eng Barrierefräi Toilette. Rutschbunn, Sandkëscht a Schaukel stinn am Gaart, direct niewt den Déieren. D’Päerd sinn de ganze Summer op der Wiss, an am Wanter kommen sie all Dag 4 Stonnen op Wanterpaddocken. Um Haff “A Mëchels” kann een die ënnerschiddlechst Aktivitéite maachen.

Informatiounen fir Elteren a Léierpersonal:

  • Op Rendezvous kënnen Schoulklassen, Crèchen an Gruppen aus Heemer (max.30 Leit) Dënsdes moies a Mëttwochs op den Haff kommen. Mënsche mat Behënnerung si ganz häerzlëch wëllkomm. Detailler gesäit een op der Internetsäit an der Rubrik “Veranstaltungen” . Dat nächst ass den 13.11.2021 vu 17:00-19 :00 “Ein kuhles Erlebnis auf dem Bauernhof”, vu 6 Joer un. Dono den 18.11.2021 vu 17 :15 bis 18 :30 “Auf der Suche nach dem Hofwichtel”
  • Hippohaff Sarah Haas-van Gelder (Nationale Koordinatorin der Pädagogischen Bauern
  • https://www.hippohaff.lu
  • E-Mail: sarahvangelder@yahoo.de

Bauerenhaff A Schmatten

Zanter e puer Joer organiséiert de Bauerenhaff “A Schmatten” zu Schëtter Aktivitéite fir grouss Familjen an Eltere mat hire Kanner. Aus eegener Erfarung weess een a Schmatten wéi wäertvoll et ass wa Kanner Kontakt mat Déieren hunn. Um Bauerenhaff léieren di Jonk Responsabilitéit fir a Respekt virun aneren ze hunn. Sie kënnen hei aktiv matschaffen: d’Déiere mussen all Dag gefiddert ginn, d’Ställ gemëscht an d’Eeër opgehuewe ginn. De Bauerenhaff “A Schmatten”  organiséiert all Mount Aktivitéite fir Kanner vun engem Joer un, all zweete Samschdeg ass d’Méiglechkeet e Gebuertsdag um Haff ze feieren.Bis an den Oktober kënne Kanner vu 4 Joer un hëllefe Grompere vum Feld eranzehuelen.

Informatiounen :

  • Aktivitéite fir verschidden al Kanner mat hiren Eltere sinn ëmmer Dënschdes an Donneschdes. De Bauerenhaff ass all Dag vun 8 bis 17 Auer op, et muss een sech awer umellen, iwwer E-Mail. Da kritt een e Formulaire geschéckt deen ausgefëllt an zeréckgemailt gëtt. Ugemellt ass ee wann een eng Confirmatioun zeréckkrut.
  • Kontakt: A Schmatten Ferme pédagogique 38, rue de Canach L-5368 Schuttrange (+352) 26 35 09 30 
  • Webseite: https://www.a-schmatten.lu
  • E-Mail: christine.hoffmann@a-schmatten.lu

Biohaff Witry

Zanter 2014 leed d’Caroline Massard de pedagogesche Bauerenhaff MUHlti-KUHlti beim Biohaff Witry zu Dippech. Vu Beruff Léierin verbënnt si hier zwou Passiounen : Pedagogik a Biolandwirtschaft. Der Caroline Massard hiert Ziel ass et dass di Kleng an di Grouss den Haff mat alle Sënner erliewe kënnen. Mat hirer Ekipp zesumme léiere Kanner an hier Familljen Déieren an den Haff kennen.Den Numm MUHlti-KUHlti ass entstane well Kéi sech grad esou an hirem Ausgesinn an am Charakter ënnerscheede wéi mir Mënschen. Jiddereen huet seng Stäerkten, ass op seng Manéier extra an däerf hei um Haff ganz sech selwer sinn. De Biohaff Witry bitt Aktivitéite fir kleng a grouss Kanner (2 bis 12 Joer), fir Jugendlecher, Erwuessener a Senioren. Schoulklasse kënnen ëmmer mëttwochs op den Haff kommen, fir Crèchen a Maison Relais si wärend de Schoulvakanzen Aktivitéite virgesinn. Eventuell och op schoulfräien Nomëtteger, deemno wéi d’Haffwiichtelcher disponibel sinn. Wichteg ass et de Leit vum Haff dass Kanner an Erwuessener sech nees bewosst gi wou eis Liewensmëttel hierkommen, an dass si Zougang zur Natur, den Déieren an dem Beruff vum Bauer respektiv der Bauerefra kréinen.

Weider Informatiounen :

  • Fir Schoulklasse geet et verschidde Projeten :Ein Jahr mit dem Bauer Pierre auf dem Hof – Kindergeburtstag (4-10 Jahre) – Haffzwergen & Haffkiddies Haffzwergen (2 bis 4 Joer) an Haffkiddies (5-8 Joer) kënne fir bis zu 6 Aktivitéiten ugemellt ginn. Heifir sinn da reegelméisseg Nomëtteger virgesinn, op deenen d’Kanner iwwer e puer Stonnen d’Liewe vun den Déieren an de Mënschen um Haff erliewen a kenneléieren. Dës Aktivitéite sinn der Saison ugepasst.
  • Biohaff-Witry an der Saueraarbecht 1 L-4974 Dippach
  • Tel: +352 621 236 007
  • Webseite: www.biohaff-witry.lu
  • E-Mail: caroline.massard@biohaff-witry.lu