Viru méi wéi 30 Joer huet d’Jugend vu Munzen aus engem fréiere Schwéngsstall e Café gemaach. Dat war den Ufank vum Projet Robbesscheier, engem touristeschen Zentrum, deen de Kanner an hire Famillen d’Natur iwwer Atelieren an aner Aktivitéite méi no bréngt.

Den Ablack bidd d’Robbesscheier nëmmen e reduzéierte Menu vu sengem normale Programm un.7 Deeg an der Woch kënnt dir mëttes vun 14:00 bis 16:30 bei verschiddenen Aktivitéite matmaachen: dir kënnt mat der Kutsch iwwert de Flouer fueren an dobäi eppes iwwert d’Ardennerpäerd gewuer ginn, oder hëllefen, d’Déieren um Haff ze fidderen; dir kënnt awer och an engem Atelier eppes léieren iwwert e Seewierk, eng Bäckerei oder alles iwwer d’Keramik.

1 Atelier dauert 50 Minutten, d.h. an engem Mëtteg kënnt dir der 3 maachen.

Informatiounen fir d’Elteren :

  • Et kënnen sech beschtefalls Gruppe vu bis zu 7 Leit umellen. An den Atelier muss jiddereen, déi méi wéi 6 Joer huet, seng Mask undinn.
  • De Restaurant ass den Ament zou, mee et kann een e Menu oder eng Klengegkeet bestellen, fir nom Enn vun den Ateliere matzehuelen. Iwwernuechtungen sinn aktuell net méiglech.
  • Fir iech unzemellen, fëllt am beschten dëse Formular aus oder rufft un.

Adress: 1, Frummeschgaas, L-9766 Munshausen

Weider Detailer fannt dir hei : www.robbesscheier.lu

Robbesscheier (Munzen)

COPYRIGHT PHOTOS : @AlenaDexPhotography