Virun engem hallwe Joerhonnert nach hunn hei schwéier Maschinnen ronderëm d’Auer d’Eisenäerz aus dem Buedem gebrach. Haut ass de “Prënzebierg – Giele Botter” tëschent Déifferdeng a Péiteng en 255 Hektar grousst Naturschutzgebitt (zanter 1991), dat vu ville Leit fir erhuelsam Spadséiergäng genotzt gëtt. An de fréieren oppe Minnen am Süden vum Land huet sech no hirer Schléissung eng besonnesch Vegetatioun an en besonnesch Déierewelt entwéckelt.

Zum Beispill ginn et hei bal 20 verschidden Orchideenaarten. Um Naturléierpad, den op 7,7 Kilometer duerch déi fréier Minn an d’Bëscher ronderëm féiert, kann een déi entdecken. Op Panneauen gëtt erkläert, wéi fréier hei Äerz ofgebaut gouf a wéi d’Natur dëst Gebitt zréck eruewert huet. De Geologesche Léierpad ass mat 2,5 Kilometer vill méi kuerz. Op néng Statiounen informéiert de Pad d’Visiteure iwwer d’Bildung, d’Eegenschaften an den Ofbau vun de Minette-Schichten.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Et kann een den Naturléierpad vun der Péitenger Säit ab dem Parkplaz beim Kierfecht ufänken. Oder, vun der Déifferdenger Säit, ab der Rue Titelberg zu Nidderkuer.
  • D’Broschür zum “Prënzebierg – Giele Botter” gëtt et hei.
  • Um Naturléierpad gëtt et e puer géi Passagen. Och sollt een oppassen, net ze no un d’Borden vun de Fielswänn ze kommen, well et kinnten sech Steng léisen.
  • Ganz nobäi läit och de Fond de Gras mat sengem Minett Park, wou een d’Geschicht vun der Regioun entdecke kann an den Tëtelbierg, wou fréier en keltesch Sidlung war. Méi dozou hei