Sicht 3-5 verschidde geformte gliese Fläschen a fëll se mat e bësse Waasser (maach se ongeféier ¼ voll). Blost elo an déi verschidde Fläschenhäls an entdeck, wat fir verschidde Geräischer an Téin’s dir zaubere kennt. Experimentéiert och, wéi d’Téin sech veränneren, jee nodeems wéi vill Waasser dir an d’Fläsch fëllt. Vill Spaass beim Musizéieren!

Quell: SNJ/Kannerdoheem.lu 

Méi: www.kannerdoheem.lu