An eng Sakgaass ass een net geroden: Hei si Lokomotiven eragefuer a konnten dobannen op enger Dréiplattform d’Richtung wiesselen. Déi zwou “Rotondes” bei der Gare zu Lëtzebuerg sinn historesch Gebaier, déi d’Bild vum Garer Quartier prägen an net méi ewech ze denke sinn – virun 150 Joer goufe si als Atelieren fir defekt Damplokomotive gebaut.

D’Geschicht  

Nom Enn vum Zweete Weltkrich sinn d’Dampmaschinnen no an no aus dem Alldag verschwonnen. D’Rotonden sinn dowéinst eng Zäit laang als Dépôt (Rotonde 1) an als Atelier fir Busser vun der CFL genotzt ginn (Rotonde 2). Bal 100 Joer no hirem Bau (1991) sinn déi zwee Gebaier ënner Naturschutz gestallt ginn.

Iwwer Joren si verschidden Notzungsvirschléi vun de Rotondes diskutéiert ginn, dorënner als Zentrum fir zäitgenëssesch Konscht, als Wëssenschaftszentrum (Cité des Sciences) oder als Vëlosmusée. Am Joer 2000 ass de Komplex du schliisslech ënnert der Verantwortung vum Kulturministère aus dem Eegentum vun der CFL dem Staat iwwerdroe ginn. E bësse méi spéit ass d’Rotonde 1 ënnert der Opsiicht vum Service des Sites et Monuments grondsanéiert ginn. D’Rotonde 2 huet wieder als Bus-Atelier gedéngt.

Den Haaptquartéier vun der europäescher Kulturhaaptstad  

Am Oktober 2006 huet och dee leschte Bus den Terrain verlooss. En ass schnell ëmgestallt ginn fir zwee Méint méi spéit wärend dem Joer vun der Kulturhaaptstad (Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007) zum Epizentrum ze ginn. Dat ganzt Joer 2007 iwwer huet e faarwege Kulturprogramm d’Rotondes zum Liewen erwächt. Dat war e gelongenen Optakt fir hir zukünfteg Bestëmmung, déi vun engem Kulturzenter.

De schnelle Retour vum Programmteam aus dem Kulturjoer, dat aacht Joer laang an engem Industriegebitt no bei de Rotondes, dem CarréRotondes zu Hollerech, geschafft huet, huet keng vollstänneg Sanéierung vun der zweeter Rotonde erlaabt. Dobanne gëtt haut e selwer geréierte Café (Buvette) an e Concertssall (Club) fir de musikalesche Programm bedriwwen.

Aktuellt Programm fir Kanner a Familljen  

Zanter 2015 gëtt an de Rotonden e faarwegt generatiounsiwwergräifend Kulturprogramm aus Theaterstécker, Concerten an Ausstellungen ugebueden. Momentan ass d’Fräizäitoffer fir Kanner a Familljen wéinst der Corona-Pandemie zwar ageschränkt, mee e puer Veranstaltunge si bliwwen a kënne souguer doheem genoss ginn.

Zum Beispill:

„Ënnerwee, D’Zaubermillen, E Kuerf voller Geschichten“

Déi dräi Sammlunge vu Geschichten op Lëtzebuergesch, erzielt vum Betsy Dentzer, sinn op CD oder als Download ze kréien.

Weider Informatioune fannt Dir iwwer folgend Links:

https://www.rotondes.lu/fr/gift-shop/cd-ennerwee

https://www.rotondes.lu/fr/gift-shop/cd-dzaubermillen

https://www.rotondes.lu/fr/gift-shop/cd-e-kuerf-voller-geschichten

Car-stagnette & Headbanger 

Heemwierker-Aktivitéiten am Kader vu “Rotondes Home Delivery”, dem Online-Programm, dat wärend der Clöture am Joer 2020 offréiert gouf. Béid Aktivitéiten hu sech schonns am Kader vu PICelectroNIC, dem „Festival für headbangende Kids und groovende Eltern“, bewäert.

Tutoriels & Video: https://www.youtube.com/watch?v=ZHBmzUsNIP4   

Geek Fair: Vintage-Spiller a klassesche Retro-Gaming  (30.05.2021  vun 10.00 bis 18.00)  

Dës Veranstaltung riicht sech net speziell u Jugendlecher, mee nieft engem erwuessene “Geek”-Public, dat d’Spillsaachen an d’Videospiller aus den 80er a 90er Joren erëm entdecke kann, ass den Evenement och fir e Familljenausfluch interessant:

Link: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/geek-foire

Informatiounen fir Elteren  

  • Adresse: 3, Place des Rotondes, L-2448 Luxembourg-Bonnevoie  
  • Öffnungszäiten: Méindes-Samschdes, 12.00 – 18.00, Sonndes 10.00 –18.00  
  • Kontakt: +352 2662 2007. Mail: info@rotondes.lu, Webseite: rotondes.lu
  • D’Rotonden leien am Véierel Bouneweg, direkt hannert der Gare Centrale.    
  • Zu Fouss: Op der Gare ukomm, gitt iwwer d’Foussgängerbréck, déi sech ronn 50 Meter riets vun der Gare befënnt. Zum Schluss vun der Bréck gitt der da lénks an do trefft der op d’Areal vun de Rotondes.  
  • Mam Auto: (Choix vu Parkméiglechkeeten): Parking de la Gare (650 m), Place de la G, L-1616 Luxembourg; Parking Rocade (350 m), 14, rue du Laboratoire,  L-1911 Luxembourg, Parking Fort Neipperg (300 m), 43, rue du Fort Neipperg, L-2230 Luxembourg  
  • Mam Bus:  Arrêt Gare-Rocade (Nr. 2 + 9 + 20 + 22 + 28), Arrêt Gare centrale (Nr. 4 + 7 + 10 + 13 + 14 + 18 + 19 + 20 + 23 + 27 + 28 + 29)