Wéi fréier Duch hirgestalt gouf, gëtt een an der Duchfabrik zu Esch-Sauer gewuer. Do gouf et schonns am 16. Joerhonnert eng Wiewergild. D’Originne vun der Duchfabrik falen mat der Erfindung vun den éischten Wollmaschinnen zesummen. Am Joer 1807 huet de Martin Schoetter-Greisch eng Walkmaschinn opgeriicht an 10 Joer méi spéit huet hien déi éischt Spannmaschinn hei gebaut. 1866 ass de Betrib vergréisser ginn, fir all noutwenneg Aarbechtsvirgäng fir d’Duchproduktioun ze erméiglechen.  

1975 huet d’Duchfabrik vun Esch-Sauer hir Diren definitiv zougemaach, mee speider huet si nees Saachen aus Woll hirgestallt. Ein aussergewéinlech wäertvollt kulturellt an handwierklecht Ierwen gouf domat net just erhalen, mee och zäitgeméiss weiderentwéckelt. An der Duchfabrik vun Esch-Sauer kënnen déi schéi restauréiert Maschinnen besicht ginn, déi bei de Féierungen (op Nofro) nach ugekierpt kënne ginn. Haut ginn op hinnen awer och exklusiv Wollstoffer hiergestallt an am Shop ugebueden.   

Hutt Dir Loscht, den Naturpark mat sengem Stauséi, Planzen, Déieren a Landschaften ze entdecken? Da besicht d’Ausstellung am Naturparkzenter, dat an dem selwechte Gebai wéi d’Duchfabrik ënnerbruecht ass.   

D’Ausstellung iwwer den Naturpark Öewersauer informéiert Visiteuren vun allen Altersklassen iwwer den Naturpark, seng Awunner a seng Ëmwelt. An de klengen Haisercher kënne Kanner sech op spilleresch Aart a Weis mat der Fauna a Flora ronderëm de Stauséi, awer och mat extra fir si entwéckelt Projeten vertraut maachen. Upaken, ausprobéieren a spillen.  

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • D’Adress ass: 15 Rue de Lultzhausen, L-9650 Esch-sur-Sûre.  
  • Ëffnungszeiten: Juli & August: 10.00-18.00 (all Dag op). April – Juni & September – Oktober: 10.00-12.00 und 14.00-18.00, November – Mäerz: 10.00-12.00 und 14.00-17.00. Samsdes, sonndes an d’Feierdeeg: 14.00-18.00 bzw. 14.00-17.00 (all Dag op ausser mëttwochs). De 25. Dezember an den 1. Januar ass zou.
  • Hei fannen dat ganzt Joer iwwer och vill Veranstaltungen a Workshoppe statt: www.naturpark-sure.lu