Et brauch een e Jughurtsdëppchen, e Wäifläschestopp, zwou Schrauwen, zwou Aaschtgafelen, ee Cutter an eng Heckeschéier. De Stopp gëtt op aacht Plazen mam Cutter ageschnidden. Beim Dëppchen gëtt de Buedem ausgeschnidden an de Rëscht mam Cutter an aacht Stécker geschnidden. Déi ginn dann an de Stopp gestach. An de Stopp ginn och zwou Schrauwe gedréit. Lénks a riets vum Waasserlaf, wou een d’Waasserrad wëllt opbauen ginn dann déi zwou Aaschtgafelen an de Buedem gestach. Mat enger Heckeschéier oder engem Secateur ginn déi Gafelen op Mooss geschnidden. An da leet en d’Rad mat sengen zwou Schrauwen an d’Aaschtgafelen.    

Informatioune fir d’Elteren:

Fir dass d’Waasserrad richteg schnell dréit, muss een de Waasserlaf vläicht e bësschen méi eng maachen mat Steng oder Sand. Dat brauch e bësschen Gedold. Net vergiessen, d’Waasserrad dono nees matzehuelen.