Dëse Poetry-Slam sollt scho läscht Joer Première feieren: nodeems en d’läscht Joer wéint Covid-19 huet missen ofgesot ginn, presentéiert d’Jessy James LaFleur iech zum Ofschloss vun der Saison 2020/2021 den 9. Juli 2021 ab 19.00 de Poetry Slam Luxembourg – Open Air. Ënner fräiem Himmel an hoffentlech bei guddem Wieder kann een der Wuertakrobatin Jessy James LaFleur an hire wuertgewanten Gäscht nolauschteren.

D’Reegelen bei engem Poetry Slam sinn einfach: d’Comedians trieden an engem Concours géinteneen un, si hunn 7 Minutten Lieszäit a musse ganz ouni Kostüméierung a Requisiten auskommen. Eng Improvisatioun, déi Kreativitéit fuerdert!

Informatiounen fir d’Visiteuren

  • De Poetry Slam ass fir Persounen ab 14 Joer geduecht.
  • Tariffer: 13 Euro; Reduzéierten Tarif: 8 Euro; Kulturpasstarif: 1,5 Euro.
  • Dauer: ronn 120 Minutten.
  • Sprooch: Däitsch.
  • Umeldung néideg bei 26 34 73 1; info@khn.lu / www.khn.lu
  • Méi Informatiounen gëtt et hei