An der Natur Sangen ass souwuel fir de Kierper wéi och fir d’Séil gutt! Deelt en eenzegaartege Moment a schreift Iech fir den nächsten “Sangen an der Natur” vum “Institut Européen de Chant Choral” an. D’Tiffany Saska an de Laurent Kohn hunn ee flotte Repertoire zesumme gestallt mat bekannte Melodien: vum Vollekslidd bis an eis Zäit. 

Zousätzlech Informatiounen

  • D’Wanderung fënnt de 24. Juli vu 14.00 bis 17.00 statt.
  • Den Treffpunkt ass zu Bäerdref beim Centre Culturel. De schéinen Tour ass ca. 5 Kilometer laang a féiert laascht impressionnant Plazen wéi den “Amphitheater an der Breechkaul” oder “d’Huehl Lay”.
  • Präis fir  Participanten : 20 Euro pro Persoun.
  • A Collaboratioun mam Club Senior vu Jonglënster. 
  • Anmeldung  hier.